Mir brauchen Är Hëllef!

De Projet Expressis-Verbis ass d’Resultat vun enger Abberzuel Aarbechtsstonnen a ville Nuechten an deene mir net gutt geschlof hunn.

Esou munch een aus onser Ekipp kënnt zousätzlech zu sengem intensiven Aarbechtsalldag op zousätzlech 5-6 Stonnen Aarbecht. Bal all Dag.

Fräiwëlleg an onbezuelt.

Fir dat kënnen ze maachen wat mir maachen, muss een effektiv fräi an onofhängeg sinn, besonnesch vun Interessekonflikter. An déi kënne bekanntlech doduerch entstoen, dass e groussen Deel vum verfügbare Budget virun allem aus enger Quell staamt.

Sou war et am Joer 2020 zum Beispill esou, dass d’Lëtzebuerger Printmedien zousätzlech zu hire Recetten aus de Reklammen an den Abonnementer insgesamt 5 885 254,03 EUR u staatleche Fërdermëttelen kritt hunn. Onse lokalen Tëlees a Radiosender konnt sech esouguer iwwert 12–13 Mio. EUR staatlech Ënnerstëtzung freeën.

Dës Fräiheet huet hire Präis

Duerch Är wäertvoll Ënnerstëtzung konnte mir en Deel vun onse lafende Fraisen an Affekotskäschten reduzéieren. net nëmme fir ons mee och vun onsem Member vum Conseil d’Administration, den Dr. Benoît Ochs.

Dofir soe mir Iech villmools Merci!

D’Directioun vun Expressis-Verbis

Effektiv féiert ons ëmmer méi grouss Bedeitung, Responsabilitéit a Popularitéit och dozou, dass verschidden Ausgaben proportional dozou mat eropginn.

Wann Dir der Meenung sidd, dass onse Projet mat der vun Iech bekannter an appreciéierter Qualitéit soll weiderliewen a -wuessen, da brauche mir dës Hëllef och an der Zukunft.

E puer vun onse Mataarbechter stellen héichwäertegt, eegent Material (besonnesch Video an IT-Material awer och d’Locatioun vun Opnamestudioen, etc.) an enorm vill Zäit zur Verfügung, déi deemnächst och misst remuneréiert ginn. Virun allem och dowéinst, well bei dem engen oder anere vun ons wéist de politesche Moossnamen déi bezuelten Aarbecht a Gefor ass.

Mir freeën ons deemno och an Zukunft iwwert Äer Donen. Haut erlabe mir ons also, Iech nach emol op Är Méiglechkeet opmierksam ze maachen, Expressis-Verbis ze ënnersëtzen.

Zousätzlech gesitt Dir an dem Formulaire och eng Méiglechkeet, Mënschen ze hëllefen, déi aus finanzielle Grënn keng Méiglechkeet hunn, vun hirem Recht Gebrauch ze maachen, sech ze wieren.

Zousätzlech dozou hate mir jo och e Formulaire hei bei Expressis-Verbis verëffentlecht, dee soll dobäi hëllefen, dës Ufroen ze kanaliséieren an un en externt engagéiert Juristenteam weider ze schécken. Mat Ärer Ënnerstëtzung an der Organisatioun vun dësen Ufroen kënne Jurisprudenzen entstoen vun deene mir um Enn vläicht alleguerte kënne profitéieren.