Blog
grayscale photography of person holding black dslr camera
Unser Video der Woche

Iwwert ons

Print

„Ënnert de Gesetzer deenen déi mënschlech Gesellschaft ënnersteet, gëtt et eent, dat méi genee a kloer schéint wéi all déi aner. Fir dass Mënschen ziviliséiert bleiwen oder et ginn, muss sech ënnert hinnen d’Konscht vum Zesummeschloss an deem Verhältnis entwéckelen a perfektionéieren,  wéi d’Gläichheet vun de Bedingunge wiisst.”

Alexis de Tocqueville. Iwwert d’Demokratie an Amerika, Bd. II, II. Teil, Kap. V

Expressis-Verbis

De laténgesche Begrëff “expressis verbis bedeit ausdrécklech, dat heescht dat, wat kloer, vollstänneg an eendeiteg ausgedréckt gëtt.

D’Zil vun den Expressis-Verbis Säiten ass et, mat gutt dokumentéierten, méiglechst zouverlässegen Informatiounen, kloer argumentéierten Analysen, Iwwerleeungen fondéiert kritesch Perspektiven zu aktuellen Themen zur ëffentlecher Diskussioun an Debatt bäizedroen.

Op der enger Säit versiche mir, op déi ëmmer méi grous Ongemällegkeet ze reagéieren, déi mir mat villen anere Bierger am Zesummenhang mat der Zouverlässegkeet an den Interessenkonfliter vun de Mainstream-Medien deelen. D’Pandemie huet gewisen, wéI problematesch déi medial Synchronisaation vun der politescher Kommunikatioun ka sinn.

Anerersäits wëlle mir duerch Informatiounen, kritesch Analysen an Debatten d’Bedeitung vun der Zivilgesellschaft am ëffentleche Raum kräftegen, an der d’Orientéierungen an d’Wäerter, déi d’Basis vun onser Demokratie sinn, diskutéiert a verhandelt ginn.

No enger klassescher Definitioun ass d’Zivilgesellschaft deen Deel vun der ëffentlecher Sphäre, déi net ënnert der Kontroll vum Staat oder dem Marché steet. D’Zivilgesellschaft ass deemno net nëmmen en demokratescht Géigegewiicht zu den Interesse vum Staat an der Ekonomie, mee och d’Plaz, an der et eng gläichberechtegt Participatioun um ëffentlechen Discours an der Reflexioun gëtt, respektiv misst ginn. Am Géigesaz zu Staat a Marché erhält d’Zivilgesellschaft di normativ Wäerter vun der Eegeverantwortung, der Selbstbestëmmung, der Meenungsfräiheet an dem Allgemengwuel oprecht, andeems se probéiert sech de politeschen a finanziellen Interesse vum Marché ze enthalen.

Dem Lieser vun onse Contributioune fält awer schnell op, dass e puer vun onsen Auteure fir hir Artikelen op e Pseudonym zréckgräifen, fir hir perséinlech Identitéit ze protegéieren.

Wéi kann esou e Verstoppches mat der Vermëttlung vun Informatiounen an Transparenz am Aklang stoen? Firwat kommunizéiere grad Mënschen, déi e Bäitrag zur ëffentlecher Informatioun an Diskussioun wëlle leeschten, op eng verdeckten Aart a Weis?

De Fall vun onsem Mataarbechter Dr. Benoît Ochs weist firwat: wann een sech haut an der Ëffentlechkeet äussert, a sengem Numm eng Meenung vertrëtt, se kloer argumentéiert an duerch wëssenschaftlech Etüden ënnermauert, oder verstänneg a begrënnte Froen zu bestëmmte politeschen Orientéierungen a korporativen Interesse formuléiert, kann dat ausgesprache schiedlech, familiär a perséinlech Konsequenzen no sech zéien.

Den Dr. Ochs ass net deen eenzege vun onse Memberen, deen op Grond vu sengem Courage an Asaz fir Transparenz an ëffentlech Diskussioun aussergewéinlech Konsequenzen – d’Menace vun engem eejärege Beruffsverbuet a Verdéngschtverloscht – ze droen huet.

Aner Mataarbechter waren och perséinlechen Ugrëff aus de Medien an engem staarke berufflechen Drock ausgesat ginn. Dofir wësse mir haut, dass d’Verdeedegung vum Recht op fräi Meenungsäusserung, dem Zougang zu Informatiounen an der ëffentlecher Debatt eng ganz grouss Gefor ka si fir déi, déi sech an hirem Numm dofir asetzen.

Expressis Verbis ass och eng A.s.b.l  am Kader vum Gesetz vum 21. Abrëll 1928, mat de folgenden Ziler:

  • d’Defense an d’Fërderen vum Recht vun de Bierger an de Medien op Informatioun sou wéi d’Informatiounsflicht vun alle Verwaltungen an nationalen an internationalen Autoritéiten;
  • d’Defense an d’Fërdere vun der Fräiheet vun de Medien an de Persounen déi Informatiounen, Iddien oder Meenunge publizéieren;
  • d’Iwwerwaachen, d’Poursuite an d’Bewäertung vu verëffentlechten Informatioune vun allgemengem Interessi an enger pluralistescher an demokratescher Gesellschaft;
  • d’Verëffentlechung a Verbreedung vun Informatiounen an Iddien am explizitte Kader vun der Gedanken- a Meenungsfräiheet;
  • d’Fërderen, Organisatioun a Verëffentlechung vu fräien Debatten an Diskussiounen am Bezuch zu der Meenung anerer zu sozialen, politeschen, ekonomeschen, wëssenschaftlechen, rechtlechen, psychologeschen an ethesche Froen;
  • d’Fërdere vun Transparenz an den Entscheedungsprozesser vun de nationalen Exekutivorganer a supranationale Gremien, déi international Reegelen entwéckelen;
  • d’Identifizéierung, Analys a Bewäertung vum Asaz vun ekonomescher, rechtlecher (Justiz) a politescher Muecht an d’Liewe vun de Bierger an déi alldeeglech Kommunikatioun;
  • d’Analys vum Phänomen vum opkommenden Autoritarismus. 

Haut si mir besuergt iwwert deen ëmmer méi grousse Gruef an d’Ongläichheet an onser Gesellschaft. Angscht, Mësstraue vis à vis vun onse Matmënschen, Denonciatioun, Diffaméierung, Isolatioun an Autoritarismus schéinen zu enger neier Normalitéit ginn ze sinn.

Onsen “Think Tank” deen all Dag méi grouss gëtt setzt sech zesummen aus Dokteren, Juristen, Mathematiker, Statistiker, Ekonomisten, Psychologen, Philosophen an Entrepreneuren.

Awer mir sinn och Bierger, Wieler, Elteren, Grousselteren a Kanner an hunn e mënschleche Bléck op onst Liewen an der Gesellschaft an op d’Problemer an Entwécklungen déi ons concernéieren.

Mir freeën ons op Är konstruktiv Participatioun un dëser Beweegung, duerch Är Froen an/oder Är perséinlech Mataarbecht.

Hei kënnt Dir onse Newsletter abonnéieren:

Äert Expressis-Verbis-Team,

V.l.n.r: Dr. Dr. Thierry Simonelli, Dr. Benoît Ochs, Peggy Schoujean-Hurst, Pierre Obertin, Nathalie Meier, Claude Pauly