Crowdfunding

Kritische Journalismus verlaangt vill vun ons of: Zäit, Courage, Leidensfähegkeet an … Suen.

All Dag stelle mir ons onser Visioun op e Neits: d’Reaktivéierung vun der mënschlecher Kapazitéit, intelligent an eegeverantwortlech Decisiounen op der Grondlag vun enger vollstänneger an onbefaangener Informatioun kënnen ze treffen.

D’Expressis-Verbis Team setzt sech zesummen aus Auteuren, Journalisten, Mathematiker, Dokteren, Anwälten, Philosophen, Psychologen, Mënschen aus soziale Beruffer, sou wéi renomméiert Gaaschtauteuren. Onse But ass et, esou ville Leit wéi méiglech mat Informatiounen ze versuergen, déi am Moment der Zensur an der Tendenz zur Diffamation zum Affer falen. Vergiesse mir net, dass 90 % vun den disponiblen  Informationen aus 6 Quelle stamen, déi standardiséiert Textbautstäng zur Verfügung stellen, déi da just nach minimal verschafft gin.  D’Nofro vun ongefierft recherchéierten a net duerch Interessenkonflikte belaaschten Informationen ass awer do! No e bëssi méi wéi engem Joer Aarbecht freeë mir ons iwwer méi Abonnenten wéi déi dräi klengste lokal Zeitungen zesummen! Dofir soe mir all onse “Membres donaturs” häerzlech Merci. Ouni si hätte mir et bis heihinner gepackt: IT-Abonnementer, Newsletter, Recherche, Käschten fir Marketing, Fachbicher a villes méi. Mir sinn iwwerwältegt vun engem Succès dee mir ons virun annerhalweem Joer net zougetraut hätten. Dëse Bilan bréngt ons awer och alldeeglech un ons Limitten: esouwuel finanziell, wéi zäitlech a physesch. Ons Ekipp erbréngt all Dag nei Héichleeschtungen, nieft hirem familiären, berufflechen a sozialen Alldag. Natierlech ass et immens erfëllend, eppes ze maachen, wat engem e Sënn gëtt. Trotzdem bezuele mir fir ons Aarbecht e relativ héije Präis … et ass eng verréckte Welt! Elo ass et deemno un der Zäit, mat onsem schéine Projet déi nächst Etapp anzeleeden:

  1. Wéi schéin wier et dach, wa mir ons Auteuren an aner Mataarbechter endlech fir hir Aarbecht kéinte bezuelen!
  2. Ausserdeem ass et onse gréissten Dram, mat enger physescher Zeitung an der Organisatioun vun Eventer/Konferenzen och déi Leit ze erreechen, déi manner Affinitéit den digitale Medien hunn. Är Hëllef géing ons deemno zwee Dreem an engem Schlag erfëllen an dofir soe mir Iech elo scho villmools Merci!

Wëllt Dir Iech un onsem „Grouss-projet“ bedeelegen? Hei geet et op den Expressis-Verbis Crowdfunding.