Eng Remark eegener Saach

An de leschte Woche gouf vill ronderëm Expressis-Verbis an d’Intentiounen, déi mir als benevole Veräin vertrieden spekuléiert.

Et schéint es, wéi wa mir onse Gesellschaftszweck, dee mir op onser “Iwwert ons” Säit ausféierlech beschriwwen hunn, fir munch Leit nach ëmmer net verständlech an transparent genuch formuléiert hunn. Sollt ons Beschreiweung tatsächlech ze vill Interpretatiounsfräiraum zouloossen, sou komme mir dësem Mëssel an de folgenden Zeilen gäre no.

Mir maachen dat awer net, fir ons bei onse Kritiker ze rechtfäerdegen, well déi an der Reegel nach net emol den Anstand hunn, sech mat deene vun ons publizéiertem Contenu ze beschäftegen. Mir maachen dat, fir dass ons Lieser an Abonennten sech weider wuel bei ons fillen.

Et heefe sech spezifesch d’Ufroen, ob mir net awer en heemlechen Organisateur vun der Marche Blanche Silencieuse wieren. Mir haten effektiv jo zwee Mol (hei an hei) iwwert déi an der lëtzebuergescher Geschicht eenzegaarteg an emouvant Evenementer geschriwwen a mir wäerten dat méiglecherweis och nach emol maachen.

Dës Marche schéint ons effektiv genee sou spannend an hirer Reegelméissegkeet, an hirem Ausmooss an der moralescher Panik, déi se bei der Press ausléist, wéi onduerchsiichteg, wat d’Diversitéit vun der Motivatioun vun de Leit, déi matginn, betrëfft. E geneet Versteesdemech vun dësem friddlechen Opstand, dem d’Press am allgemenge just Ofleenung an aggressiv Veruechtung entgéint bruecht huet, wäert méiglecherweis nach ganz vill Zäit an Aarbecht an Ursproch huelen.

Misst een an dësem Kontext awer net och onbedéngt d’Fro zouloossen, wat dann eigentlech esou schlëmm dru wier, wann een den Initateur vun enger Beweegung wier, déi esouvill Mënschen op eng friddlech Aart a Weis ronderëm hir demokratesch Uspréch rassembléiert?

Zanter wéini ass et eng politesch Zoumuddung, seng Suergen an Ängschten ëffentlech ze weisen? Selbstverständlech ass d’Zesummesetzung vu gréissere Mënschegruppen ni homogen, wéi mir et awer och vun anere groussen Demonstratiounen an Evenementer wëssen. E gutt Beispill heifir ass dat reegelméissegt Optauche vun Hooligans beim Fussball, déi awer dacks guer keen Interessi um Spill selwer hunn.

Ausserdeem gëtt och ëmmer méi heefeg de Versuch ënnerholl, ons als grondsätzlech Impfgéigner, Viren-Leegner, Verschwierungstheoretiker an, bei onse motivéiertsten a fantasievollste Géigner, esouguer als Antisemitten a Rietsradikaler ze vernennen. Wéi solle mir an aller Eeschthaftegkeet op esou haarsträubend Absurditéite reagéieren? Ganz einfach: Andeems mir roueg a souverän ons Aarbecht a Richtung vollstänneg Opklärung, Diskussioun an Informatioun weider maachen.

Mir kënnen a wäerten verständlecherweis nëmmen zu deenen Inhalter Stellung bezéien, déi mir tatsächlech och verëffentlechen a vertrieden. Déi absurd Fantasië vun onse Kritiker, Géigner, dorënner leider och Journalisten, iwwerloosse mir gären hinne selwer. Och fir Hexejuegten läit d’Beweislaascht hautdedaags ëmmer nach beim Accusateur.

Allzäit schéint dëse Fantasien, déi ons gären déi iwwelst Feeltrëtter an d’Schong wëlle stiechen an ons mat deenen donkelste Gestalten an een Dëppe wëlle geheien, kaum nach Grenze gesat ze sinn.

Iwwert déi verzweifelt Versich, mat bedeitungslose Signalwierder wéi „Schwurbler“ engem Discours an Argumenter op einfachst an denk-lidderegst Aart a Weis aus dem Wee ze goen, hu mir jo schonn emol geschriwwen.  Leider gesäit et am Moment esou aus, wéi wa mir ons bis op Weideres un dës simplistesch Moraliséierung a Mëssuechtung misse gewinnen.

Et schéint es, wéi wann et eng ofgemaachte Saach wier, dass all kritesch Analys, déi iwwert klengkaréiert Detaifroen erausgeet an déi sech un de Prinzippie vun engem demokratesche Rechtstaat, an der gesellschaftlecher a psychologescher Bedeitung vun den aktuelle Gesondheetspoliticken, souwéi un den iwwerraschenden Zuelespillereie vun den offizielle Communiquéen interesséiert, hir Vertrieder als Verschwierungstheoreetiker, Virusleegner oder Impfgéigner disqualifizéiert.

Aus deem Grond hu mir decidéiert, dass mir elo op onsem Site och ons offiziell Charta verëffentlechen (däitsch, englesch a franséisch). Et handelt sech ëm onst internt Reegelwierk, dat all ons Membere musse liesen, kennen an ënnerschreiwen, ee se sech als aktiv Memberen zu Expressis-Verbis dierfen derbäizielen. Op der Säit “Ech wëll hëllefen” ass dës Charte och an Zukunft fest verankert.

Mir hoffen, dass mir esou e puer méi Zweiwelen aus dem Wee konnte raumen.

De Comité de Directioun vun Expressis-Verbis