Interview mam Jean Huss

Mir haten en ausféierlecht Gespréich mat engem Mann, deen an den Achtzeger Joren eng vun de grousse lénke politesche Richtungen hei am Land matdefinéiert huet an do awer séier seng Vocatioun bei der Ekologie an der Gesondheet fonnt huet.

Hien ass a bleift deen engagéierten a passionéierte Politiker deen dem Schutz vun der Natur an hire wäertvollen Eegenschafte fir Flora, Fauna, also Mënsch an Déier eng Stëmm ginn huet. De fréiere Sozialist huet am Joer 1982 déi Gréng Partei matgegrënnt.

23 Joer laang war hie fir si Chamberdeputéierten. Seng Schwéierpunkten a senger Karriär waren ëmmer de Kampf géint d‘Ëmweltgëfter an d‘Aartestierwen awer virun allem Gesondheetsfroen an d‘Rechter vun de Patienten. Hië war un der Legaliséierung vun der Euthanasie bedeelegt a setzt sech haut nach dofir an, dass de Mënsch an der Natur alles fënnt, wat e braucht, fir laang gesond an a Form ze bleiwen. Haut erdrénke mir awer ëmmer méi am Plastik an de Chemikalien a wonneren ons gläichzäiteg iwwer e konstant Zouhuele vu Gesellschaftskrankheeten an Allergien.

Alles Themen, mat deenen hie sech zanter Joerzéngten intensiv an detailléiert beschäftegt. Säin Asaz géint dat, wat ons ëmmer méi chronesch krank a vulnerabel mécht – fir hien ass dat onse ganze Liewenswandel – huet och mam Enn vu senger politescher Karriäre net opgehalen an dauert bis haut un. Haut ass hien nach ëmmer als Vizepresident bei der Patientevertriedung aktiv a President vun AKUT, eng Aktiounsgrupp géint d‘Ëmweltgëfter.

Mir vun Expressis-Verbis haten de Pläséier de Muck am Interview ze hunn. En integere Mann, dee seet wat en denkt an deen denkt wat e seet. An onsem Gespréich mat him presentéiert de passionéierten an informéierte Mann ons, wat ons senger Meenung no krank mécht, wat dat mat der Pharmaindustrie ze dinn huet, a wou d‘Interessekonflikter genee leien, wou getrickst, gefuddelt a gelu gëtt a wat een onbedéngt alles misst transparent maachen, fir dass et der Gesellschaft erëm e gutt Stéck besser geet.

De spannenden Interview huet am ganze bal 3 Stonne gedauert, sou dass mir aus dësem Gespréich eng Serie wäerte maachen, déi sech dann iwwert 2-3 Wochen verdeelt.