Interview mam Jean Huss
Posted On 01/02/2022
Mir haten en ausféierlecht Gespréich mat engem Mann, deen an den Achtzeger Joren eng vun de grousse lénke politesche Richtungen hei am Land matdefinéiert huet an do awer séier seng Vocatioun bei der Ekologie an der Gesondheet fonnt huet.
Hien ass a bleift deen engagéierten a passionéierte Politiker deen dem Schutz vun der Natur an hire wäertvollen Eegenschafte fir Flora, Fauna, also Mënsch an Déier eng Stëmm ginn huet. De fréiere Sozialist huet am Joer 1982 déi Gréng Partei matgegrënnt.
23 Joer laang war hie fir si Chamberdeputéierten. Seng Schwéierpunkten a senger Karriär waren ëmmer de Kampf géint d‘Ëmweltgëfter an d‘Aartestierwen awer virun allem Gesondheetsfroen an d‘Rechter vun de Patienten. Hië war un der Legaliséierung vun der Euthanasie bedeelegt a setzt sech haut nach dofir an, dass de Mënsch an der Natur alles fënnt, wat e braucht, fir laang gesond an a Form ze bleiwen. Haut erdrénke mir awer ëmmer méi am Plastik an de Chemikalien a wonneren ons gläichzäiteg iwwer e konstant Zouhuele vu Gesellschaftskrankheeten an Allergien.
Alles Themen, mat deenen hie sech zanter Joerzéngten intensiv an detailléiert beschäftegt. Säin Asaz géint dat, wat ons ëmmer méi chronesch krank a vulnerabel mécht – fir hien ass dat onse ganze Liewenswandel – huet och mam Enn vu senger politescher Karriäre net opgehalen an dauert bis haut un. Haut ass hien nach ëmmer als Vizepresident bei der Patientevertriedung aktiv a President vun AKUT, eng Aktiounsgrupp géint d‘Ëmweltgëfter.
Mir vun Expressis-Verbis haten de Pläséier de Muck am Interview ze hunn. En integere Mann, dee seet wat en denkt an deen denkt wat e seet. An onsem Gespréich mat him presentéiert de passionéierten an informéierte Mann ons, wat ons senger Meenung no krank mécht, wat dat mat der Pharmaindustrie ze dinn huet, a wou d‘Interessekonflikter genee leien, wou getrickst, gefuddelt a gelu gëtt a wat een onbedéngt alles misst transparent maachen, fir dass et der Gesellschaft erëm e gutt Stéck besser geet.
De spannenden Interview huet am ganze bal 3 Stonne gedauert, sou dass mir aus dësem Gespréich eng Serie wäerte maachen, déi sech dann iwwert 2-3 Wochen verdeelt.
MuckJardin 3/3
Am drëtten a leschten Deel vum zweete Gespréich mam Muck ënnerhale mir ons iwwert:
* de gesponserten a gesteierte Journalismus a medial Manipulatioun
* de WEF, young global leaders als politesche Pouvoir, Transhumanismus
* Gewënn a net Gesondheet - d'Prioritéite vun der Pharmaindustrie
* d'Lige vun den iwwerlaaschte Spideeler
* d'Impfniewewierkungen - Angscht, Verdrängung, Factchecking a Wourecht
* Iwwerwaachungsgesellschaft, a villes méi
MuckJardin2
Am 2. Deel vun onsem leschte Gespréich mam Jean Huss discutéiert Expressis Verbis mat him iwwert :
► d'Parallellen tëschent der Impfung a Long Covid
► de Rechtssträit tëschent der Patientevertriedung an der Santé
► kritesch Etüden an hir Géigenetüden
► "Gain of function" Fuerschung
► d'Finanzéierung vun der EMA an der WHO
► déi ongeschwäerzte Pfizer Verträg mat der EU
a villes méi ...
E neit Gespréich mam Jean Huss
Am zweete Gespréich mam Muck Huss schwätzt Expressis Verbis mat him iwwert den Afloss vun der Pharmaindustrie op d'WHO an d'Politik, déi erstaunlech Parallelen zum Swine Flu Fiasco vu 1976 an den USA, d'Interessekonflikter vun der WHO an hiren "Experten" an der Schwéngsgripp vun 2009, iwwer nei Konzepter fir d'Gesondheetspolitik an eng reforméiert WHO. Doniewt ginn et nach nei Bicher an eng intressant Zeitung virgestallt.
Presentatioun vun der Interview Serie mam Jean Huss
Mir haten de Jean Huss am Gespréich mat ganz spannenden Themen ronderëm Medezin, Politik, Korruptioun an Lobbyaarbecht vun de mächtegen Industrien. All Dënschden an Freiden elo bei Expressis-Verbis
Den 1. Deel vum Interview mam Jean Huss
Den Deel 1. aus der neier Serie vun Expressis Verbis, "Echanges" huet als éischten Invité de Jean Huss. Mat him hu mir e puer Episode mat interessante Gespréicher an Informatiounen opgeholl. Am 1. Deel geet ëm dem Muck säi Wëssen iwwer Gesondheet, Medizin, Virologie, seng Usiichten iwwert seng Vergaangenheet an der Politik an en Défi un d'Virologen.
Den 2. Deel vum ausféierlechen Interviewm mam Jean Huss
Am zweeten Deel vun onsem Interview mam Muck geet et ëm D'Impfung an hir Niewewierkungen, efffikass mee quasi onerlabten Traitementer, wat an der Chanber wärend der Petitiounsdiskussioun geschitt ass an eng Rei aaner Themen.
Den 3. Deel vum Interview mam Hean Huss
Am drëtten Deel vun onser Serie vun Interviewë mam Jean Huss geet et ëm Politik, d'Medien, den Angschtnarrativ, de Wuhan Lab Leak a méi.
De 4. Deel vum Interview mam Jean Huss
Am 4. Deel vun onser Serie mat Interviewe mam Muck geet et ëm d'Pharmalobby, Aktien, korrupt Dokteren an e puer vum Muck sénge Bicher zu deenen Themen.
Ähnliche Beiträge