En historeschen Dag hei zu Lëtzebuerg.

Mëttwoch, den 12. Januar 2022: Franséisch Wëssenschaftler mat internationaler Reputatioun waren op Besuch, fir d’Petitionnairen vun deenen zwou wichtege Petitiounen 1916 a 1950 ze ënnerstëtzen: de Prof. Dr. Christian Perronne, Auteur vu Bicher, ob déi en Gruppe vun Affekoten sech ouni Succès penchéiert hat, fir Feeler ze fannen, d‘Madamm Dr. Alexandra Henrion-Claude, an de renomméierte Virolog a Nobelpräisträger Dr. Luc Montagnier. 

De Prof. Dr. Perronne ass e Medezin-Professer an Dokter fir tropesch Krankheeten am Spidol Raymond-Poincaré zu Garches am Département Hauts-de-Seine. Hien huet 6 Bicher an zuelräich Artikelen iwwer infektiéis Krankheete verëffentlecht. (Bibliographie : https://www.semanticscholar.org/author/5780184

D‘Alexandra Henrion-Caude war Fuerscherin an der Genetik um INSERM (Institut national de la santé et de la recherche médicale). Si war maasgeblech un der Entdeckung vun den net-codéierenden RNA an genetëschen Krankheeten bedeelegt. (Bibliographie : https://www.semanticscholar.org/author/A.-Henrion-Caude/1396040179)

Allen zwee leeë ganz grousse Wäert drop, ze betounen, dass se keng Interessekonflikter hunn a gi fir hir professionell Avise bekanntlech ferm diffaméiert an diskreditéiert. Virop vun de sou genannte “Faktenchecker” iwwert déi mir schon emol geschriwwen haten

De Prof Luc Montagnier war virun senger Pensioun „Directeur émérite“ vum CNRS an ass Medezinnobelpäisträger als Mat-Endecker vum HIV Virus. Hien huet onzieleg wëssenschaftlech Präisser an Auszeechnunge verdéngt. Hien huet och eng Rei vu Bicher an eng beandrockend Zuel vu wëssenschaftlech Artikele verëffentlecht. (Bibliographie : https://www.semanticscholar.org/author/L.-Montagnier/4143190).

Eng Debatt an d’Reaktiounen


Hier Präsenz huet deem engen oder aneren Politiker an och Journalist awer net geschmaacht, esou dass déi renomméiert Experten vu Leit, déi an hire Wëssens- a Fureschungsgebidder komplett onqualifizéiert sinn, ouni Schimmt a Modestie och hei am Grand-Duché zerrappt ginn. 

De Virworf heescht hei: si därfen dat, wat vun der Politik an Zesummenaarbecht vun de Medien als eenzeg Léisung proposéiert gëtt, mat hirer fachlecher Expertise net a Fro stellen, och wa vill aktuell Zuele hir Aussoën dobäi beleeën. 

Zanter 2 Joer erliewe mir virun eegenen Aen, wéi renomméiert an qualifizéiert Wëssenschaftler systematesch vun der neier „Cancel-Culture“ ausgeschalt gi, an d’Wuert deenen iwwerlooss gëtt, déi – onofhängeg vun hirer Qualifikatiounen an Interessekonflikter – déi grouss medial Plattform offréiert kréien. An de leschten Deeg waren zu dem Thema an der Press direkt e puer Publikatiounen zu dem Phänomen ze “bewonneren”.

Och d’Konklusioun vun onser Gesondheetsministesch “dass keng konkret Léisunge proposéiert goufen” wier duerchaus eng Diskussioun wäert:

1. Et ass am Prinzip d’Aufgab vun der Politik, déi vun onse Steiergelder bezuelt gëtt, dofir ze suergen, dass politesch Entscheedungen, opgrond vun de beschten disponibelen Informatioune geholl ginn. Et ass am Prinzip net un der Wëssenschaft an der Medezin, dës Aarbecht fir d‘Politiker ze maachen. Hir Aarbecht ass et, mam beschte Wëssen a Gewëssen d‘Resultater an d‘Gedanke vun hire Fuerschunge verständlech ze kommunizéieren.

2. A bal 3 Stonnen Debat an der Chamber hu mer awer trotzdeem eng Rei vu konkreten a praktesche Propositioune vun den Experten héieren: esou de Fait, dass et effikass Medikamenter ginn mat deenen d’Hausdokteren an der éischter “ligne de défense” um Terrain dofir kéinte suergen, dass d’Leit net onbehandelt doheem musse bleiwe, bis dass se an d’Spidol mussen. Riets war deemno och ganz konkret vun der Ofschafung vun den ëmstriddene Protokoller, déi den Doktere genee dat net erlaben. D’Medikamenter déi mentionéiert goufen, waren ënner aneren den Ivermectine, deen a verschiddene Länner erfollegräich agesat gëtt, an och den Hydroxychloroquinedee jo am Kader vum och mentionéierten “Lancet-Gate” fälschlecherweis als ineffikass duergestallt gouf.

3. Dorausser erginn sech och nach inherent aner Léisungsusätz: virop dee vun der Präventioun an dat, woufir d’Politik eigentlech do ass: d’Infrastruktur verbesseren, amplaz se ze verschlechteren. Hei geet et ëm de brisante Sujet vum systemateschen Ofbau vun de Better an de Reanimatiounen, eng Tendenz, déi iwwregens internationale Charakter huet.


Dës Evenementer passen deemno zu onser éischter Buchrezension, déi mir hei mat Iech deelen. 


Des weidere fannt Dir op onsem Site erëm ganz spannend nei Videoen, direkt uewen op onser Homepage, an déi méi ausféierlech Versioun vum Thierry Simonelli sengem Droit de Réponse un d’Tageblatt.


Selbstverständlech fannt der och den Link op den integralen Debat vun den 2 Petitiounen an der Chamber esou wéi en Interview dee mam sympatheschen Prof. Dr. Christian Perronne vu Kairospresse opgeholl gouf, déi no hirem Debat an der Chamber bei ons op Besuch waren.


Gläichzäiteg soe mir all deene Leit Merci, déi sech ons mat hire Niewewierkungen am Kader vun der aktueller “Impfcampagne” uvertrauen. Virun allem ass et awer och wichteg, dass Dir datt och direkt bei der Santé mellt. Dee Link fannt Dir op der rietser Säit vun onser Homepage. Do driwwer fannt Dir och den Accès op déi offiziell verfügbar Statistiken.