Pandemie 2020?

Op https://ec.europa.eu/eurostat/web/population-demography-migration-projections/data/database fënnt een d’Populatiounszuelen fir Lëtzebuerg, opgedeelt no Alter a Geschlecht an op https://gd.lu/dXhZ0q fënnt een d’Doudeszuelen vun 1980 bis haut, no Alterskategorie a Geschlecht.

Déi zwou Zueleserien hunn ech analyséiert fir mer méi e genaut Bild vum Ausmooss vun der sougenannter Pandemie, déi mir am Joer 2020 sollen erlieft hunn, ze maachen. D’komplett Analys mat allen Daten ass hei ze fannen.

An absolutten Zuelen sinn am Joer 2020 4.609 Mënschen zu Lëtzebuerg gestuerwen, dat sinn 0,74% vun der Populatioun vum 1.1.20. D’Joer virdrun waren et der 4.283 oder 0,7% vun der Populatioun. Kucke mer eis emol de ganzen Historique un:

An der Grafik gesi mer d’Gesamtstierflechkeet iwwer déi 41 Joer fir déi den Eurostat Daten zur Verfügung stellt. D’Stierflechkeet war d’lescht Joer also méi niddreg wéi 2011, 2010 an all Jore vun  2007 bis 1980. Keent vun deenen anere Joren war offiziell e Pandemiejoer, obwuel d’Stierflechkeet vill méi héich war wéi 2020.

Mä d’Analys vun der globaler Stierflechkeet op Grond vun enger einfacher Divisioun vun der Gesamtzuel vun den Doudesfäll duerch d’Gesamtpopulatioun um Ufank vum Joer ignoréiert d’demografesch Entwécklung vun eiser Populatioun komplett an ass dofir ierféierend. Déi nächst Grafik weist, datt de Prozentsaz vun den eelere Leit, hei um Beispill vun der Grupp vu 95 Joer a méi, an de leschten 10 Joer staark an d’Luucht gaangen ass. 

Firwat ass dat relevant?

Ma well d’Stierflechkeet entscheedend vum Alter ofhänkt, wéi mer aus där heiten Tabell erkenne kënnen:

Stierflechkeet2019
All Alter0,70%
0-4 Joer0,10%
5-9 Joer0,00%
10-14 Joer0,00%
15-19 Joer0,02%
20-24 Joer0,04%
25-29 Joer0,03%
30-34 Joer0,04%
35-39 Joer0,06%
40-44 Joer0,05%
45-49 Joer0,15%
50-54 Joer0,28%
55-59 Joer0,43%
60-64 Joer0,81%
65-69 Joer1,07%
70-74 Joer1,73%
75-79 Joer2,94%
80-84 Joer5,40%
85-89 Joer10,42%
90-94 Joer20,40%
95 Joer a méi28,59%

2019 louch d’Warscheinlechkeet vun enger Persoun am Alter vun 30-34 Joer, an deem Joer ze stierwen, bei 0,04%. Fir eng Persoun ab 95 Joer louch se dogéint bei 28,59%. Wann also d’Proportioun vun den eelere Leit an der Bevëlkerung zouhëlt, dann ass ze erwaarden, dass och d’Gesamtstierflechkeet zouhëlt. Mat oder ouni Coronavirus.

Fir eng objektiv Analys vun den Doudeszuelen ze maachen ass et dofir wichteg, d’Altersstruktur vun der Gesellschaft ze berécksiichtegen. D’Resultat dovunner gesi mer an der nächster Tabell. Hei hunn ech d’Duerschschnëttsstierflechkeet pro Alterskategorie iwwer verschidden Zäitraim ermëttelt an doraus berechent, wéi vill Leit 2020 an all Alterskategorie gestuerwe wieren. Mir gesinn, datt wann d’Stierflechkeet der Moyenne vun de 40 Joer 1980-2019 entsprach hätt, da wieren net 4.609 mä 6.531 Mënsche gestuerwen. Wann d’Stierflechkeet der Moyenne vun 2010-2019 entsprach hätt, da wieren aplaz 4.609 4.785 Doudeger ze bekloe gewiescht. Just wa mer d’Joer 2019 als Referenz huelen, da wieren nëmme 4.411 Persounen aplaz 4.609 gestuerwen.

 1980-20192010-201920202019
All Alter6.5314.7854.6094.411
0-4 Joer48272933
5-9 Joer5240
10-14 Joer5200
15-19 Joer178137
20-24 Joer2713914
25-29 Joer37181214
30-34 Joer41231318
35-39 Joer60313330
40-44 Joer85443423
45-49 Joer137837870
50-54 Joer225144102131
55-59 Joer315207198183
60-64 Joer403274238279
65-69 Joer498345326295
70-74 Joer637431422381
75-79 Joer783514511479
80-84 Joer1.075738714683
85-89 Joer1.095877860834
90-94 Joer726691740695
95 Joer a méi311314273241

Wou do d’Justifikatioun fir eng Pandemieserklärung mat extremen Violatiounen vun den elementaarste Grondrechter ze fanne soll sinn ass mir e Rätsel. Datt vun Iwwerstierflechkeet keng Ried ka sinn gesäit een och wann een sech den Historique vun der Stierflechkeet no Alterskategorie ukuckt:

A kenger Alterskategorie hate mir d’lescht Joer eng aussergewéinlech Stierflechkeet.

Wat d’Stierflechkeet no Mount betrëfft, an hei ignoréiere mer d’demografesch Entwécklung,  ass ze erkennen, datt November an Dezember besonnesch schlecht, de Juni dogéint besonnesch gutt Méint waren.

Ech fannen et bedenklech wann de Statec schreift, datt ee misst bis d’Joer 1976 zeréck goen fir eng änlech (4.507) héich Doudeszuel wéi fir 2020 (4.609) ze fannen. Dofir brauch een sech nëmmen d’Entwécklung vun der Populatiounsgréisst unzekucken:

Wann een all aner Aflossfaktoren ignoréiert, dann ass d’Zuel vun den Doudegen normalerweis proportionell zur Gréisst vun der Bevëlkerung. Et wär also ze erwaarden, datt 2020 esou vill Leit wéi nach ni gestuerwe misste sinn, well nach ni esou vill Leit hei gelieft hunn. Doraus ergëtt sech kee Beweis fir eng Pandemie. Den Historique vun der Gesamtstierflechkeet deit drop hinn, datt den Ofwäertstrend vun de Joren 1980 bis 2016 bis op Weideres zu Enn ass. Et ass awer deen Ofwäertstrend, deen et erméiglecht huet, datt trotz enger staark wuessender Bevëlkerung d’absolutt Zuel vun den Doudegen net an deem selwechte Mooss geklomm ass. Wéi een aus dem folgenden Historique gesäit hunn d’absolutt Doudeszuelen awer schonns 2009 ugefaange mat klammen:

Zum Deel hänkt dat wuel mam héije Bevëlkerungswuesstem säit 2009 zesummen, deen an der nächster Grafik duergestallt ass:

An Communiqué vum Statec ass och ze liesen, 10,8% vun den Doudegen vun 2020 wieren duerch Covid-19 bedéngt. Do stellt sech dann d’Fro, a wéi ville Fäll eng Autopsie gemaach an eendeiteg festgestallt gouf, datt d’Doudesursaach effektiv Covid-19 war.

Fir op den Titel vun dësem Artikel zeréck ze kommen mengen ech, datt Dir, léiwe Lieser, elo d’Fakten hutt fir selwer kënnen ze decidéieren, op Lëtzebuerg am Joer 2020 eng Pandemie erlieft huet oder net.