Eng ganz kuerz Schued-Notzen Analys

„Meine Verordnungen werde ich treffen zu Nutz und Frommen der Kranken, nach bestem Vermögen und Urteil; ich werde sie bewahren vor Schaden und willkürlichem Unrecht.“

Auszug aus dem Eid des Hippokrates (460 bis 370 v. Chr.)
Wa Pfizer oder BioNTech soen, hiren Impfstoff géif 90% Protektioun ginn, wat heescht dat tatsächlech?

Quell: https://www.bbc.com/news/health-54873105

Un der Etüd vu Pfizer a BioNTech ware ronn 40.000 Leit bedeelegt; 20.000 vun hinne waren geimpft, 20.000 net.

Vun de Geimpfte waren 0,04% a vun den Net-Geimpften 0,43% PCR-positiv.

Fir e bestëmmten Individuum geet also duerch d’Impfung de perséinleche (absolutten) Risiko positiv getest ze ginn em 0,39% ( = 0,43 – 0,04) erof.

Elo gëtt awer net de perséinleche mee de relative Risiko gekuckt: Mir deelen also déi 0,39 duerch 0,43 a kucken doduerch eigentlech, wellchen Undeel vun de Leit, di normalerweis ugestach gi wären, duerch d’Impfung net positiv getest gi sinn:0,39 / 0,43 = 0,906976… also ronn 90%.

Dat kléngt natierlech vill besser, bréngt engem awer selwer net vill, well de perséinleche Risiko positiv getest ze gi jo nëmmen onwesentlech em 0,39% erof gaangen ass.

Wéi ech mer vun engem Dokter konnt bestätege loossen, ass et iwwregens üblech Praxis, ëmmer nëmmen de relative Risiko ze kucken.

Wann elo esou eng Impfung soll en Notzen hunn, muss den Impfrisiko däitlech ënnert dem Wäert vun 0,43% leien.

Mat deem wat een aus England gewuer gëtt, schéngt dat allerdéngs net de Fall ze sinn: https://www.cdc.gov/…/slides-12-19/05-COVID-CLARK.pdf

Mat 3.150 “Health Impact Events” op 11.2807 Impfunge leie mir bei engem Impfrisiko vun: 100 * 3150 / 112807 = 2,8%.

Nach eng Kéier am Kloertext:

Bei enger Krankheet wou d’Warscheinlechkeet esou kleng ass se ze kréien, an op där anerer Säit awer d’Impfschied esou probabel sinn, schéint de Risiko einfach a kengem Verhältnis zum Notzen ze stoen!

Wat den Hippokrates dozou wuel géing soen? A wéi geet et wuel am Moment denen Doktere, déi sech nach éierlech un deen Eed wëllen halen?

Dësen Artikel gouf op Lëtzebuergesch verfasst, déi däitsch, franséisch an englesch Versioune sinn Iwwersetzungen.