Iwwert ons

Expressis-Verbis

De laténgesche Begrëff “expressis verbis bedeit ausdrécklech, dat heescht dat, wat kloer, vollstänneg an eendeiteg ausgedréckt gëtt.

D’Zil vun den Expressis-Verbis Säiten ass et, mat gutt dokumentéierten, méiglechst zouverlässegen Informatiounen, kloer argumentéierten Analysen, Iwwerleeungen fondéiert kritesch Perspektiven zu aktuellen Themen zur ëffentlecher Diskussioun an Debatt bäizedroen.

Mir wëllen duerch eng Beliichtung vun dësen Informatiounen aus enger anerer Perspektiv hir Bedeitung fir d’Zivilgesellschaft am ëffentleche Raum kräftegen, an där d’Orientéierungen an d’Wäerter, déi d’Basis vun onser Demokratie sinn, diskutéiert a verhandelt ginn.

No enger klassescher Definitioun ass d’Zivilgesellschaft deen Deel vun der ëffentlecher Sphäre, déi net ënnert der Kontroll vum Staat oder dem Marché steet. D’Zivilgesellschaft ass deemno net nëmmen en demokratescht Géigegewiicht zu den Interesse vum Staat an der Ekonomie, mee och d’Plaz, an der et eng gläichberechtegt Participatioun um ëffentlechen Discours an der Reflexioun gëtt, respektiv misst ginn. Am Géigesaz zu Staat a Marché erhält d’Zivilgesellschaft di normativ Wäerter vun der Eegeverantwortung, der Selbstbestëmmung, der Meenungsfräiheet an dem Allgemengwuel oprecht, andeems se probéiert sech de politeschen a finanziellen Interesse vum Marché ze enthalen.

Expressis Verbis ass och eng A.s.b.l  am Kader vum Gesetz vum 21. Abrëll 1928, mat de folgenden Ziler:

  • d’Defense an d’Fërderen vum Recht vun de Bierger an de Medien op Informatioun sou wéi d’Informatiounsflicht vun alle Verwaltungen an nationalen an internationalen Autoritéiten;
  • d’Defense an d’Fërdere vun der Fräiheet vun de Medien an de Persounen déi Informatiounen, Iddien oder Meenunge publizéieren;
  • d’Iwwerwaachen, d’Poursuite an d’Bewäertung vu verëffentlechten Informatioune vun allgemengem Interessi an enger pluralistescher an demokratescher Gesellschaft;
  • d’Verëffentlechung a Verbreedung vun Informatiounen an Iddien am explizitte Kader vun der Gedanken- a Meenungsfräiheet;
  • d’Fërderen, Organisatioun a Verëffentlechung vu fräien Debatten an Diskussiounen am Bezuch zu der Meenung anerer zu sozialen, politeschen, ekonomeschen, wëssenschaftlechen, rechtlechen, psychologeschen an ethesche Froen;
  • d’Fërdere vun Transparenz an den Entscheedungsprozesser vun de nationalen Exekutivorganer a supranationale Gremien, déi international Reegelen entwéckelen;
  • d’Identifizéierung, Analys a Bewäertung vum Asaz vun ekonomescher, rechtlecher (Justiz) a politescher Muecht an d’Liewe vun de Bierger an déi alldeeglech Kommunikatioun;
  • d’Analys vum Phänomen vum opkommenden Autoritarismus. 

Haut si mir besuergt iwwert deen ëmmer méi grousse Gruef an d’Ongläichheet an onser Gesellschaft. Angscht, Mësstraue vis à vis vun onse Matmënschen, Denonciatioun, Diffaméierung, Isolatioun an Autoritarismus schéinen zu enger neier Normalitéit ginn ze sinn.

Onsen “Think Tank”, deen all Dag méi grouss gëtt, setzt sech zesummen aus Juristen, Mathematiker, Statistiker, Ekonomisten, Psychologen, Philosophen, Linguisten an Entrepreneuren souwéi Journalisten a Reporter, déi Expressis-Verbis als offiziellen, kriteschen a héich qualitative Media hei zu Lëtzebuerg wëllen etabléieren.

Awer mir sinn och Bierger, Wieler, Elteren, Grousselteren a Kanner an hunn e mënschleche Bléck op onst Liewen an der Gesellschaft an op d’Problemer an Entwécklungen déi ons concernéieren.

Mir freeën ons op Är konstruktiv Participatioun un dëser Beweegung, duerch Är Froen an/oder Är perséinlech Mataarbecht.


Hei kënnt Dir onse Newsletter abonnéieren:

[wpforms id=”7460″]

Äert Expressis-Verbis-Team,

V.l.n.r: Nathalie Meier, Pierre Obertin, Claude Pauly, Dr. Benoît Ochs, Peggy Schoujean-Hurst