Interessant Linken

Et gi sëlleg interessant Mënschen, déi ni opgehalen hunn, dat sou genannten Allgemengwëssen kritesch ze hannerfroen, sech selwer a Fro ze stellen ouni sech drëm ze këmmeren, wat aner Leit kéinte vun hinnen denken. Dës Leit hu sech hir natierlech Capacitéit preservéiert, Postulater kritesch ze hannerfroen an aus enger anerer Perspektiv ze kucken. Fir hire Choix, sech fir hir Neutralitéit a Fräiheet kengen Interessekonflikter auszesetzen, bezuelen der vill en héije Präis, virop finanziell. Dës Realitéit betrëfft vill Wëssenschaftler, fräi Journalisten an Auteuren.

Aus der onbefaangener Attitüd entstinn awer dacks ganz interessant a spannend Projeten déi et duerchaus kënnen derwäert sinn, gelies, gelauschtert a gekuckt ze ginn. Et si Projeten vun engagéierte Leit, déi iwwert den Tellerrand erauszekucken, ouni Virurteeler an ouni Angscht. Vill vun hinnen deelen d’Resultat vun hire Reflexiounen, Recherchen an Analyse mat ons, warscheinlech och an der Hoffnung, dass se op déi selwecht Ouverture d’Esprit falen wéi déi, déi si engagéieren.

Kritescht Denken, Onofhängegkeet, Onbefaangenheet a Courage gekoppelt un héichwäertegen, gutt argumentéierte, Contenu. Fir ons eng wonnerbar Quell vun Inspiratioun, déi mir mat Iech op dëser Säit deelen.

Mir wënschen Iech vill Inspiratioun beim Stöberen op hire Sitten.


Och wann Expressis-Verbis vill Bäiträg vun de selektionéierte Säiten appreciéiert, sou kënne mir natierlech net ausschléissen, dass do alt emol een derlaanscht gräift. Mir haften deemno net d’Inhalter vun deene Siten a bieden Iech, Iech Är eege Meenung ze bilden. Ouni Virurteeler a mat Ouverture d’Esprit.