Press "Enter" to skip to content

Sou Mesuren hält kee normale Mënsch aus

Remark vun der Redaktioun: 

Mir kruten d’Erlabnis vun der sympathescher Madamm, fir hire Lieserbréif, dee se am Luxemburger Wort vum 10./11. Abrëll 2021 verëffentlecht huet, och bei ons ze publizéieren. Dofir gëtt et vun ons schonn emol e ganz grousse Merci! 

An der Conversatioun mat ons gouf et vun dëser Madamm awer eng ganz gutt Nouvelle: si hat de Bréif net nëmmen un d’Wort mee och u  Politiker geschéckt a krut een Dag dono tatsächlech en Telefon vum Familljeministère. Sie hunn hir versprach eppes ze ënnerhuelen an: hier Mamm huet 2 Deeg éischter däerften aus der Quarantän well dat Reglement fir all Alters a Fleegeheemer geännert ginn ass.

Ass dat keng fantastesch Nouvelle? Dass Dir wierklech eppes kënnt änneren, wann Dir Iech asetzt!

Briefe an die Redaktion
Sou Mesuren hält kee normale Mënsch aus

Hei de Bréif vun der Madamm:

Här Bettel, Madamm Cahen, Madamm Lenert, ech schreiwen iech well ech mech well asetze fir déi “vulnerabel Leit” aus eiser Gesellschaft an domat mengen ech all d’Leit déi an engem Alters-oder Fleegeheem sinn. Firwat, frot dir mech? Hei ass meng Geschicht…

Meng Mamm ass 89 Joer a Pensionärin an engem Altersheem. Seid d’lescht Joer wei d’Corona-Pandemie ausgebrach ass an all déi speziell Reegelen op Been gestallt gi sinn, huet si a mir (hir Famill) ons genau an ëmmer un all Reegele gehalen déi mir operluecht kruten.

De 26. Mäerz ass si dunn op Corona positiv getest ginn an ass dofir sait dem 27. Mäerz a Quarantän an hirem Zëmmer agespaart. Meng Mamm ass zwee Mol geimpft ginn a weist absolut keng Symptomer op.

Ech hunn si sou gutt wéi méiglech iwwert Telefon ënnerstëtzt an hir versprach dass si jo no zéng Deeg Quarantän nees eraus däerf. Dat wier dann de 6. Abrëll de Fall!

Mee lo sinn ech gewuer ginn, dass et fir Alters. a Fleegeheemer een extrat Gesetz gëtt dat seet, dass déi Leit no deenen zéng Deeg Quarantän nach eemol musse getest ginn a wann deen Test da positiv ausfält da musse si nach siwen Deeg an der Quarantän bleiwen.

Firwat gëtt an dem heite Fall nach eemol getest? Wisou muss si no engem positiven Test nach eemol siwen Deeg a Quarantän?

Jiddweree weess mëttlerweil, dass wann ee positiv getest ginn ass, dann ass ee warscheinlech fir déi nächst sechs Méint positiv. Dat seet och Santé engem um Telefon wann ee bei hinnen nofreet.

Am Altersheem ginn all 14 Deeg Tester gemaach d.h. d’Chance nach e puer mol positiv getest ze ginn ass grouss an domat och d’Chance neess a Quarantän gesat ze ginn. Wou ass do d’Logik, wann ech froen däerf?

All “normale” Bierger dee positiv ass an dann zéng Deeg a Quarantän war, däerf ouni Test nees schaffe goen. Viru wat soll dat Gesetz d’Leit an den Alters- a Fleegeheemer schützen? Ech weess just, dass wann déi Mesuren nach laang sou duerchgeféiert ginn, dann huet Lëtzebuerg a kuerzer Zäit keng Alters- a Fleegeheemer mee just nach Geckenhaiser! Sou Mesuren hält kee normale Mënsch aus an hei handelt et sech jo ëm al a meeschtens och krank Leit.

Dofir bieden ech Iech, dat Gesetz sou séier wéi méiglech ze änneren, och wann et fir meng Mamm warscheinlech ze spéit ass, mee mir hunn esou vill Leit an den Alters- a Fleegeheemer an déi hunn dat net verdéngt esou behandelt ze ginn.

Zéng Deeg Quarantän ass fir een ale Mënsch schonn eng Zoumuddung mee dat ass jo coronabedéngt nach ze veräntwerte mee 17 Deeg Quarantän op kee Fall. Do seet Iech all Dokter a Psycholog eppes aneschtes.

Théa Bourmer, Godbrange