Sie möchten das Projekt
Expressis-Verbis unterstützen?

Hier können Sie uns helfen!
Video

EU PARLIAMENT OPPOSES VACCINE AGENDA

An extract from a press conference, October 22nd 2021

Unser Video der Woche

Jan Josef Liefers im Interview mit einem unserer Gastautoren Prof. Dr. Stephan Russ-Mohl

Et geet elo duer!

E Lieserbréif aus dem LW, den 13. Oktober 2021

 

Madamm Lenert, Här Bettel, loosst déi Leit sech impfen, déi dat wëllen a loosst déi aner a Rou

Un den Här Bettel, d’Madamm Lenert, den Dr Muller an all déi, déi op hirer Schinn fueren. 2021 sinn déi meescht benotzte Wieder nieft Corona warscheinlech: Querdenker, Coronaleugner, Impfgéigner a Verschwörer. Firwat däerf ee bei Corona keng eege Meenung méi hunn, ouni sech dat do alles mussen unzehéieren? Hätte mär all déi selwecht Meenung, da bräichte mär nach just eng Partei, da wier et nit Lenert a Bettel, mee … “entweder oder” oder “weder nach”.

Firwat muss hei eng Minoritéit verdaamt ginn, ënner Drock gesat ginn an ee respektlose Langage vis à vis vun hinne benotzt ginn? Ech denken do besonnesch un den Artikel am “Tageblatt” vum Dr Muller, wou heen ongeimpften Elteren als Täter tituléiert a mengt, dass hinnen hir Kanner an den Homeschooling missten.

Am Artikel vum Code pénal 454 a 455 steet, dass een sech strofbar mécht, wann een eng Minoritéit aus diversen Ursaachen diskriminéiert. Halt Iech dat virun An!

Här Muller, Där, deen sou op dës Impfung dréckt, huelt Där d’Responsabilitéit fir all déi Geimpften, déi Laangschied vun där Impfung droen oder souguer dovu stierwen? Wann ech vun Impfschied schwätzen, da mengen ech Häerzmuskelentzündungen, Lämungen. Thrombosen, Gebirbludungen … bis hin zum Doud.

Um Site vum „Gouvernement luxembourgeois” ënnert „Stratégie de vaccination” steet: “… à savoir

– protéger les résidents les plus vulnérables (…) contre le risque de complications suite à la maladie et contre le risque de décès et

– protéger les capacités de notre système de santé.”

Beim Paul-Ehrlich-Institut steet: „Covid-19-Impfstoffe schützen vor einem schweren Verlauf einer Infektion mit dem SARS-CoV-2 Virus.” Do steet nit, dass d’Impfung eis virum Virus schützt. Dës Impfstoffer sinn an der Testphase 3. An där Phase gëtt een sech fir d’Fuerschung hir. Dat soll ëmmer nach fräiwëlleg sinn, ouni Drock, ouni Zwang an ouni Flicht. Ech vermessen eng serieux Opklärung iwwert de pro a virun allem iwwert de contra vun deene mRNA-Impfstoffer.

Firwat musse Geimpftener sech nit testen, wann ee weess, dass och si kënnen ugestach ginn oder och selwer anerer ustiechen? Dat gëtt de Leit eng falsch Sécherheet. Verschidde Leit fuerdere schonn den 2G, d. h. entweder geimpft“ oder „genesen”. Si schengen nit ze wëssen, dass just een Ongeimpftene ka „genese” sinn an dee kritt een och just, wann een ee positive PCR-Test huet. Firwat kritt ee kee “genese”, wann ee mat enger Bluttanalyse kann noweisen, dass een de Covid hat?

Vill Leit mengen, dass Ongeimpftener kee Bett am Spidol dierften ze kréien. Dann dierften awer vill Leit kee Bett kréien: De Femmert wann hie Kriibs kritt. De Motorradsfuerer, wann heen een Accident huet. Jiddereen, dee sech schlecht erniert a kee Sport mécht an doduerch kardiovaskular Krankheete kritt…

Madamm Lenert an Här Bettel, et huet 2020 geheescht: Mär musse léiere mam Virus ze liewen!” Dann ännert lo mol w.e.g. Är Strategiel Loosst déi Leit sech impfen, déi dat wëllen a loosst déi aner a virun allem eis Kanner a Jugendlecher a Rou. Halt op mat deem CovidCheck a kommt endlech erëm zur Normalitéit. Oder wëllt Där déi nächst 20 Joer sou wieder maachen? Am Stil, ween sech nit all sechs Meint impfe léisst, dee verléiert säin 3G.

Et geet elo duer!

Danielle Blang

Äischen