Blog
grayscale photography of person holding black dslr camera
Unser Video der Woche

Eng Stëmm vun onser Jugend

Et ass Sonndeg, normalerweis leien ech mat engem Kater a mat Houscht vum Zigarettendamp a mengem Bett. Awer säit iwwert engem Joer ass dat nit méi esou, ech leien hei am Bett mat schrecklechem Bauchwéi, ech hunn a mengem Liewen nach ni esou eng Péng gespuert ewéi déi lescht Méint … ech hu bis elo mäi Mond gehalen, mee elo geet et mir wierklech duer!
Ech weess, datt Corona näischt Schéines ass, an och nit gutt ausgoe kann! Mee esou ewéi mir liewen, kann dat och nit gutt ausgoen, duerch Masken, Mesuren, #doheembleiwen, gëtt eist Immunsystem méi schwaach a mir gi mei séier krank. Eise Kierper huet quasi keng Kraaft méi iergend eng Krankheet ze „stoppen“.
Wou ass eist Liewen hin? Wou mir ouni Gedanken eis mat Kolleegen treffen, ob Baler goen, Fussball spille konnten, asw.
Ass dat eist Liewen, doheem ze bleiwe fir kee Corona ze kréien? Virun 2 Joer waren och dausende Krankheeten dobaussen a mir sinn trotzdeem gutt duerch d‘Liewe komm!
All Dag kréie mir d’Zuele vu positive Leit gesot, firwat kréie mir nit d‘Zuele vu Leit gesot, déi duerch d‘Mesurë psychesch krank ginn?
Mir gi méi séier duerch d’Corona-Mesuren krank ewéi, datt mir de Virus kréien!
Ech sinn och an deem Fall, säit Dezember hunn ech d‘ Haus net méi verlooss, ausser fir an d‘Klinik ze goen, ech war dëst Joer emol nach nit am Cactus! Ech hu kee Liewe méi, ech maachen den Text hei nit fir Opmierksamkeet ze kréien, mee fir anere Leit ze weisen, dass si nit eleng sinn! Ech soen nit, datt de Corona nit schlëmm ass, mee wa mir esou weider fueren, kréie mir méi séier de Corona ewéi wa mir eist normaalt Liewe weiderliewen an eist Immunsystem stäerken!
Jiddereen huet seng Meenung an dat hei ass meng. D’Corona – Mesurë maache mech zu deem Mënsch, deen ech elo sinn, an deen ass krank!
Monika,  16 Joer