Blog
grayscale photography of person holding black dslr camera
Unser Video der Woche

Covid-Statioun an Impfung

Meng Mamm, an déi 70 Joer, ass Ufank Dezember mam Réck operéiert ginn. Natierlech hat si e negative Covid-Test. E puer Deeg drop gouf si op Covid positiv getest. Et kann ee sech hei Froe stellen. Et ass sécher net ze beweisen, dass si sech am Spidol ugestach huet, et ass awer och net de Géigendeel ze beweisen, dat heescht, dass et ebe net esou war.

Also, op Esch op d’Covid-Statioun. Do war et net esou gutt, wéi mir gesot gouf. Si gouf jo frësch mam Réck operéiert an ass do 2 Mol onglécklech gefall. An do huet si geruff a gejaut, jeeweils ca. 4 Stonnen um kale Buedem, an et ass keen no hir kucke koum. Dat fannen ech skandaléis. Un d’Schell ass si och net koum. Si konnt net opstoen. Awer och soss, wann si geschellt huet, well si Problemer mat der « Verdauung » hat, ass kee kucke koum. Eréischt ca. 2 Stonnen dono. Do war d’Bett da versaut… Gutt, egal, wéi och ëmmer, dat ass dann eben esou. Et hätt awer och kéinten en anere Noutfall sinn, an da wier nawell kee kucke koum? Eng Plainte mat alle Punkte wou mir net an der Rei geschéngt hunn ass beim Spidol gemaach ginn, Kopie un d’Medien, Parteien, Ministère a nach e puer Plazen zur Informatioun.

Enn Mäerz 2021 ass si da mat mat AstraZeneca fir d’éischt um Belval geimpft ginn. Si wollt keen AstraZeneca, mä si krut gesot, et wier keen aneren Impfstoff do. A wann si géif e bëssen de Kapp wéi kréien, da soll si einfach eng Paracetamol huelen. (!)

Si konnt virun der OP guer net gutt goen, an huet e Rollator. No der OP ass et da lues awer besser gaangen. An den Dag no der Impfung, mueres kuerz no 6.00 huet si mir ugeruff, se war an der Nuecht laascht d’Bett gefall, an ass net méi opkomm, well hir Been net méi esou staark waren, an och hat se net vill Kraaft an den Äerm. An si hat zidderen an de Glidder. Ech hat Problemer fir si nees opzehiewen, well wann e Mënsch sech hänke léist mat 80 Kg ass dat net grad esou einfach… An och dono am Dag ass et ganz lues a schlecht weidergaangen, an ech hu missten de ganze Muere mat dobäi si fir ze kucken, dass si net nach emol géif falen. Dat war zwar just een Dag no der Impfung, mä trotzdeem gesinn ech do en Zesummenhang. Dono awer keng weider Problemer méi, déi ee kéint op d’Impfung zeréck féieren.

Ech hu vu ville Leit héieren, déi Problemer mam AstraZeneca haten a verschiddener e puer Deeg ferm krank vun der Impfung waren: Middegkeet, Schwächt, Problemer mat de Muskelen, Katzen, Kapp wéi, Féiwer, …

Ech hunn de Virfall vu menger Mamm, méiglecherweis a Bezuch zur Impfung, och bei der Pharmacovigilance gemellt, déi mir scho geäntwert hunn, dass si déi matgedeelte Niewewierkunge festgehalen hätten.

Vun engem Lieser, deen anonym bleiwe wëll.

Umierkung vun der Redaktioun: Expressis-Verbis huet seng Identitéit an d’Authentizitéit vun dësem Temoignage verifiéiert.