Press "Enter" to skip to content

Member ginn

Print

Dir hutt et sécher schonn op onser Säit “Mir stellen ons vir” gelies: mir si keng Journalisten, mee Fachleit aus hire jeeweilege Beräicher, déi Iech hir Expertise an hir Zäit am Kader vun Expressis-Verbis gratis an éierenamtlech bereetstellen.

Hei gitt Dir deemno net mat Reklamme belästegt an hei sicht Dir och fir näischt no Sensatiounstitelen an Trivialem. An Dir wësst zousätzlech, dass mir net duerch ëffentlech Gelder subventionéiert ginn. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, dass dat eng gesond Basis dofir ass, Iech maximal Objektivitéit a Neutralitéit unzebidden, onofhängeg vun den traditionelle Realitéiten wéi Drock aus der Politik (national oder international) oder Lobbyismus. Mir hu keng Interessenskonflikter.

Gläichzäiteg ass awer och ons Aarbecht mat de selwechte Käschte verbonnen, déi een eben esou kennt: Hosting, Fleeg vum Site a senge Plugins an Abonnementer, Printartikelen wéi Visittekäertercher, Postkaarten, Flyeren, Remerciements-Kaddoen, Organisatioun vun Eventer an Zäit, déi all eenzelen net mat senge Clienten/Patiente verbréngt…

Membre donateur

Wann Dir dës Aart a Weis, Informatiounen bereet ze stellen, kënnt appreciéieren a wëllt ënnerstëtzen, da kënnt Dir duerch Ären Don e “Membre donateur” bei ons ginn.

Eis Kontonummer:

Expressis-Verbis A.s.b.l., LU18 0019 5955 2803 8000, BCEELULL

An d’Kommunikatioun vum Virement schreift Dir am beschten Är Adress an Äre Numm, fir dass mir Iech Är personaliséiert Memberskaart kënne schécken.

Dat geet och via Paypal, wann Dir wëllt.

Vergiesst wann ech gelift net, ons Äer genee Adress unzeginn, wou mir Iech Äer personaliséiert Memberskaart sollen hischécken.

Membre adhérant

Wann Dir Iech awer zu méi beruff fillt an zousätzlech wëllt eng Hand mat upaken, da mellt Iech wannechgelift bei ons. Mir sinn immens dankbar fir all neit Member wat seng Talenter an en Deel vu senger Zäit mat wëll abréngen. An engem Entretien léiere mir ons kennen an Dir gitt da gewuer, wéi Dir bei ons kënnt Membre adhérant kënnt ginn a wat – ausser engem kräftege Schoss gutt Laun a Fläiss – do derzou gehéiert.

Mir si nëmmen esou staark wéi mir zesummenhalen an esou schwaach wéi mir getrennt sinn.

Harry Potter