Expressis-Verbis hëllefen

Mir si Fachleit aus ënnerschiddleche Beräicher, déi Iech hir Expertise an hir Zäit am Kader vun Expressis-Verbis gratis an éierenamtlech bereetstellen.

Bei ons gitt Dir deemno net duerch Reklamme belästegt, wäert Dir ëmsoss no Sensatiounsnouvellen, Hektik, Angschtmaacherei an trivialen Inhalter sichen. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, dass dës Entschleunegung e gudden Terrain ass, endlech fräi an entspaant nozedenken, an op Grond vun enger méi breeder Informatioun eegeverantwortlech Decisiounen ze treffen. Esou ënnerleie mir och kengen Interessekonflikter.

Gläichzäiteg ass ons Aarbecht mat de selwechte Käschte verbonnen, déi een eben esou kennt: Hosting, Fleeg vum Site a senge Plugins an Abonnementer, Printartikelen wéi Visittekäertercher, Postkaarten, Flyeren, Kaddoen, Organisatioun vun Eventer an Zäit, déi all eenzelen net mat senge Clienten/Patiente verbréngt…

Et ginn dräi Méiglechkeeten, ons ze hëllefen

  • Gitt Membre donateur, kritt Är perséinlech Memberskaart a bedeelegt Iech esou un onse lafende Käschten.
  • Gitt Membre adhérent an hëlleft ons bei der Recherche, Schreiwen, Iwwersetzen … sot ons am Formulaire hei ënnendrënner, wou Är Talenter leien a wéi Dir Iech wëllt abréngen.
  • Bedeelegt Iech un onsem eigentleche “Grouss-Projet”: d’Entwécklung vun enger Zeitung, d’Organisatioun vu Konferenzen a virun allem d’Remuneratioun vun onse fräiwëllege Mataarbechter. Dann ass onse Crowdfunding -Projet genee dat Richtegt fir Iech!


Mir si nëmmen esou staark wéi mir zesummenhalen an esou schwaach wéi mir getrennt sinn.

Harry Potter