Gespréich mam Dr. Hervé Seligmann – 1. Deel

De Mëttwoch, den 23. Februar 2022 hate mir déi grouss Freed, mat engem Dokter an der Biologie mat engem impressionante Liewenslaf ze schwätzen.

Hien ass ee vun deene sëllege Wëssenschaftler ass, deen fir seng Recherchen, Erkenntnisser an Etüden an den Eck gestallt gouf. Wéi sou dacks waren dës Aktiounen weder inhaltlech an deemno nach juristesch justifiéiert, wat awer näischt um Schued geännert huet, deen ugeriicht gouf. Hien befënnt sech mat deene ville anere Choryphäen wéi de kierzlech verstuerwenen Professer Luc Montagnier, de Professer Christian Peronne, den Professer Didier Raoult, dem Professer Sucharit Bhakdi, fir der nëmmen e puer vu villen ze nennen, a gudder Gesellschaft.

An enger Welt, an der d’Form méi wichteg schéint, wéi de Fong, d’Proximitéit zu der Politik, de Suen an de Medien méi ze ziele schéint, wéi d’Inhalter a wou déi sou genannte Fakt-checkeren genee vun deene Gesellschafte bezuelt ginn, déi finanziell am meeschten dovunner profitéieren wann déi kritesch Experten net gehéiert ginn, wëlle mir vun Expressis-Verbis grad deenen hir Stëmm zréck ginn, déi ongerechtfäerdegt ënnert d’Rieder koumen an awer an de Medien ni rehabilitéiert goufen.

De Mann, mat deem mir schwätzen, ass Lëtzebuerger dee säi Studium zu Jerusalem gemaach huet an do hänke bliwwen ass, an elo och déi zwou Nationalitéiten huet. Hien huet am Joer 1991 an Israel promouvéiert an huet zanterhier ronn 139 Publicatiunen opweises an u Projeten matgewierkt déi keen Zweiwel u senge Kompetenzen, besonnesch am Beräich Virologie, Molekularbiologie, tRNA an der Aarbecht vun de Mitochondrien, also de Kraaftwierker an onsen Zellen, zouléisst. Ausserdeem huet en an deem Kontext zwee Bicher editéiert. Hien huet fir déi bekanntste wëssenschaftlech Revuen am Beräich Evolutiounsbiologie publizéiert an nach bis viru kuerzem um IHU zu Marseille an der Ekipp vum Prof. Didier Raoult matgeschafft. Ab deem Moment, wou hien ënner anerem am Beräich Medikamenter u Publikatioune geschafft huet, déi kloer op effikass Alternativen zum Vaccin hiweisen, gouf et schwiereg fir hien, awer hie gehéiert zu deene Wëssenschaftler, déi hir Integritéit dowéinst awer net sacrifiéieren a sech net verbéie loossen. 

Wann Dir hie googelt, faalt Dir deemno schnell op déi sou genannten Factcheckeren an Korrektiv Artikelen, déi hien discreditéieren. Och doriwwer ënnerhale mir ons am Detail mat him, well et ons wichteg ass, mat de Leit e schwätzen an ons mat hiren Argumenter ze beschäftegen, wéi iwwert d’Leit ze schwätzen.

Mir schwätze mat engem integre Mann ouni Interessekonflikter, dem Dr. Hervé Seligmann.